Am Kader vun eisem Plan de réussite scolaire (mam Zil fir d'Zesummenaarbecht tëscht den eenzelnen Cyclen ze förderen an nei Léiersituatiounen ze schafen) hu mer zyklusiwwergräifend Aktivitéiten (de Cycle 1 mam Cycle 3 an de Cycle 2 mam Cycle 4) zum Thema Fréijor durchgefouert. Als Ofschloss vum Projet (22.5.) goufen all d'Elteren op eng Ausstellung am Centre Culturel an där d'Aktivitéiten präsentéiert goufen invitéiert.
GAARDENZWERG AUS LEEM
Fir dëse Projet huet eng Klass aus dem C1 (1.1 & 1.2) mat 9 Kanner aus dem C3.2 zesumme geschafft. Et sinn kleng Gruppen vun jeeweils 1 Groussen mat 2 Klengen gemaach ginn. D’Iddi bestoung doran, datt di Grouss dene Klengen hëllefe sollten ee Gaardenzwerg hierzestellen. Als éischt gouff dofir een Zwerg aus Leem geformt. Dësen huet dann missen eng Woch drëschnen. Dorno sinn d’Zwergen fir en éischte Brand an de Leem-Uewen komm. Nodeems se fäerdeg waren, gouffen se vun de jeeweilege Kanner mat Glasur-Faarw ugestrach. Dorno sinn d’Zwergen nach emol an de Leem-Uewen fir en zweete Brand gaang. Zur Dokumentation huet all Grupp e klenge Leporello mat Fotoen an Texter zesummegstallt, deen di 9 Kanner aus dem c3.2. zur Erënnerung halen. Fir d’Kanner war dës Zesummenaarbecht eng immens flott Erfahrung well si sech géigesäiteg hëllefe konnten an zesummen eppes Besonnesches hiergestallt hunn.
(Auf Diaporama/Slideshow klicken!)
- De Précoce kritt vum Cycle3.2 eng Geschicht op 4 verschidden Sproochen erzielt.
- Ausserdeem waren mer zesummen op Minsbech op de Blummmenmaart Blummen kafen, déi mer an selwergebastelt Blummendëppen geplanzt hunn.
Bei desen Aktivitéiten hunn di Grouss deenen Klengen gudd gehollef. Och Plakater fir d’Ausstellung hu mer zum Schluss zesummen gemaach.